FlyerBurkinaDay_bannerLes ONG-D agréées par le Ministère des Affaires étrangères et européennes (MAEE), notamment :

  • Chrétiens pour le Sahel
  • Fondation Dr Elvire Engel
  • Le Soleil Dans la Main
  • Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer Service Coopération a.s.b.l.
  • Solidaresch Aktioun Echternach

ainsi que l’initiative Partage Afrique vous invitent chaleureusement aux journées de sensibilisation intitulées Burkina Days dans le cadre de la Foire Agricole d’Ettelbruck.

En collaboration avec de multiples partenaires, dont l’Agence culturelle de l’ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) et PROMMATA (Promotion d’un Machinisme Moderne à Traction Animale), les associations vous feront découvrir les différents aspects de l’action au développement qu’elles réalisent avec leurs partenaires locaux respectifs en faveur des populations rurales du Burkina Faso.

Un rallye éducatif pour les enfants ayant comme thème „Une journée dans la vie d’un enfant en zone rurale au Burkina Faso“, des démonstrations de la traction asine avec le soutien de l’association Ieselsfrënn Lëtzebuerg, un stand de vente du Weltbuttek Ettelbréck, des dégustations de mets africains ainsi qu’un programme culturel (musique et danses) vous plongeront dans une ambiance africaine tout au long du weekend du 3 au 5 juillet 2015.

Vous pouvez télécharger le dépliant ici


Déi vum Lëtzebuerger Ministär fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Hëllef agrééiert ONGen:

  • Chrëschte mam Sahel
  • Fondation Dr Elvire Engel
  • Le Soleil Dans la Main
  • Lëtzebuerger Jongbaueren a Jongwënzer Service Coopération a.s.b.l.
  • Solidaresch Aktioun Echternach

zesumme mat der Initiative Partage Afrique invitéieren am Kader vun der Foire Agricole ganz häerzlech op d’Burkina Days an den Däisch op Ettelbréck.

A Kollaboratioun mat weidere Partner, mat ënner anerem der Agence culturelle vun der ASTM (Action Solidarité Tiers Monde) a PROMMATA (Promotion d’un Machinisme Moderne à Traction Animale) kënnt Dir déi verschidden Aspekter vun der Kooperatiounsaarbecht entdecken, déi déi uewe genannten ONGe mat hire respektive lokale Partner am Interessi vun de ländleche Bevëlkerungen am Burkina Faso realiséieren.

E pädagogesche Rallye fir Grondschoulkanner, deen En Dag am Liewe vun engem Kand am ländleche Raum am Burkina Faso thematiséiert, Virféierunge vun der Aarbecht mam Iesel an Zesummenaarbecht mat den Ieselsfrënn Lëtzebuerg, e Verkafsstand vum Weltbuttek Ettelbréck, Degustatioune vun afrikanesche Spezialitéiten an e flotte kulturelle Programm (Musek an Danz) bréngen Iech déi afrikanesch Welt am gemeinsamen Zelt, während dem Weekend vum 3. bis 5. Juli 2015, méi no.

Dier könnt den Flyer hei erooflueden.